Verbesserung vun den Infrastrukturen an den Haiser an Afrika

An Zesummenaarbecht mat humanitäre Partnerorganisatiounen ewéi der IFRC Shelter Research Unit, verbessert d’Lëtzebuergescht Rout Kräiz mat senge Programmer d’Ënnerbréngung an d’Infrastrukture vu gefärdete Bevëlkerungsgruppen an dréit zu enger ausféierlecher Ausbildung vun Aarbechter bäi. D’Rout Kräiz intervenéiert virun allem bei Katastrophen duerch de Klimawandel an hëlleft de Schwächsten a Kriisesituatiounen. Mee net nëmme a Kriisesituatiounen kréien d’Leit gehollef – d’Hëllef ass op laang Dauer opgebaut a geplangt.

Dank Ärem Engagement mat Invictus Home hëlleft Dir beim Finanzement vun esou engem Haus an ënnerstëtzt eng bedürftegt Famill.

All Joer ginn honnertdausende vun Haiser duerch Naturkatastrophen, Dréchent oder bewaffent Konflikter zerstéiert. De Manktem u Baumaterialien oder –technike fir humanitär Ënnerdiech ze bauen, féiert zu groussen Probleemer.

En Eegenheem stellt oft eng positiv Grondlag fir d’Gesondheet, d’Sécherheet, d’Privatsphär a Stabilitéit duer.
Loosst eis zesummen hëllefen d’Welt e Stéck méi friddlech ze maachen a Familljen an Nout bäizestoen.