Invictus Home ass handfest an zouverlässeg,

mam Zil Iech ze hëllefen, Ärt neit Doheem ze fannen. Duerch eis villsäiteg Offeren wëlle mir Iech d’Dieren opmaache an eis vun de klasseschen Immobiliëservicer léisen. Mir bidden Iech dohier d’Méiglechkeet Iech deelweis op Ärem Wee zum Verkaf ze hëllefen, woubäi Dir ëmmer op weider Hëllef ziele kënnt.

Mir hunn eis op de lëtzebuergeschen Secteur spezialiséiert.
Transparenz, Engagement a Qualitéit sinn dräi grouss Valeuren déi mir liewen. Eist Zil ass et, Iech en eenzegaartegen, eemolege an an all Richtung zefriddestellende Service ze bidden.

Invictus Introduction

Vertrauen ass alles. Mir hëllefen Iech beim Opstelle vun Ärem Verkafsdossier.
An dëser Formule ass enthalen:

  • Analys vum Bien
  • Estimatioun & Rot bezüglech dem Verkafspräis
  • Professionell Fotoen
  • Presentatiounsbrochure
  • Modell vum Compromis

Dës Formule, mat engem kompletten Dossier, gëtt Iech d’Fräiheet iwwer all Etapp vun Ärer Vente selwer ze entscheeden. Dës Weidere kënnt Dir ëmmer op eng méi komplett Optioun opsprangen.

Invictus Comfort

Dir wënscht Iech eng professionell Begleedung vun Ufank un?

An dëser Formule ass enthalen:

  • Vermaartung & professionell Verbreedung vun Ärem Projet
  • Organisatioun vun de Visitten
  • Präisverhandlungen an d’Kafskonditiounen
  • Redaktioun vun den Offeren an de Compromis de Vente
  • Suivi bis bei den Notaire & Schlësseliwwerreechung
Invictus Premium

E komplette Service, deen iwwer d’Vente erausgeet.

Zousätzlech Servicer:

  • Premium Marketing
  • Realisatioun vum CPE vum engem agreéiere Büro
  • Plënner Road runner offréiert
  • Groussbotz offréiert
Onsen Package ab 2.500€

Clients­erfarungen